Refugium
Vorführungstermine:
14. 19. 20. 22. complet 23. 25. 26. und 27 Oktober um 20 Uhr
mam Luc Schiltz a Pitt Simon
eng kollektiv Kreatioun vum Ian De Toffoli, Luc Schiltz,
Pitt Simon & friends
Video: Michel Maier
Batterie/Percussioun: Benoît Martini
eng Produktioun vum Kasemattentheater
Première de Freideg, 14. Oktober 2016 (op Lëtzebuergesch)
weider Virstellungen den 19. 20. 22. complet! (op Lëtzebuergesch)
um 20 Auer am Kasemattentheater
am 23. und 25. Oktober um 20 Uhr (in deutscher Sprache)
im Kasemattentheater
le 26 et 27 octobre 2016 à 20 heures (en français)
au théâtre des casemates à Bonnevoie
D’Opféierungssprooch kann, jee no Owend, tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch variéieren.
Zwee Männer an der Däischtert vun engem verloossenen Theatersall. Si verschanze sech virun enger Baussewelt an déi se net méi zeréck kënnen. Si si virum Zesummebroch vun hirer Welt geflücht. Déi grondsätzlech Froen déi opkommen, sinn därer, déi mir ons hautdesdaags all stellen: Wat maachen, wann et op eemol keen Dobausse méi gëtt? Wéi huet alles ugefaangen, wou kënnt déi ganz Gewalt a Barbarei hier, firwat ass d’Situatioun eskaléiert? Wat geschitt, wann ons Welt, wéi mer se bis elo kannt hunn, net méi bestoe bleiwen kann? Wa keng reell oder ideologesch Festungsmaueren méi Terror a Krich fernhale kënnen? Di zwee Männer probéieren sech et ëmmer erëm z’erklären, si probéieren ëmmer erëm ze verstoen wat geschitt ass. Si fänken un, tëscht de Reschter vun engem Dekor, tëscht de Fatze vun e puer Biller ze spannen, ze schwätzen, ze streiden an ze spillen... An esou erwäscht den Theater selwer – dee sech schonn als eidel a bankrott erkläert huet – erëm zum Liewen an si follege sengen Uweisungen. D’Spill vun deenen zwee, als ironesche Spigel vun enger sënnloser Wierklechkeet, erweist sech ëmmer méi als noutwendeg, als ee fundamentalen, primitiven Drang. Sou wéi fir d’Kanner, déi, fir d’Welt ze verstoen, se imitéiere mussen. Mat Refugium, ginn aus der Realitéit gegraffen Elementer zu engem Netz vu gesellschaftlechen a perséinleche Problematiken, déi Angscht an Hoffnung, Spill an Eescht, Wierklechkeet an Illusioun, Fiktioun an Dokumentatioun, duerch déi verschidde Formen a Sproochen, déi den Theater erlaabt, mëschen. Vläicht ass d’Konscht, wann d’Liewe bis versot huet, dat Eenzegt wat nach bleift.