Motiv Monolog vum Guy Helminger

E kuerze Monolog iwwer eng laang Zäit

Regie Liss Scholtes
Mat dem Jil Devresse, Brigitte Urhausen a Philippe Thelen
Austattung Soojin Oh

Ass all Autobiographie eng Ligen, eng Erfindung? Wat stëmmt vun deem, wat de Guy do erzielt? A wann d’Identitéitsdenken am Private schon eng Erzielung ass, wéi gesäit dat dann eréischt aus, wann et em e ganze Grupp oder esouguer eng Natioun geet?

De Guy, ween och ëmmer dat ass, huet es genuch vun all den alternative Wourechten, de sougenannten Narrativen, gutt gemengt, awer net duerchduecht.

Agespaart am Kasemattentheater monologiséiert hien iwwer de Premier, iwwer Lëtzebuerg, doriwwer dat d’Harmonie vun der Identitéit weider näischt ass wéi d’Melodie vum Totalitären. Dobäi begéinen him Zeenen aus sengem Liewen, aus sengem Denken, sengem Behuelen. D’Elteren tauchen op, Jugendfrënn, d’Léift.

All dat, wat hien ausmëscht. Mee näischt passt zesummen.

D’Homogenitéit schéint e Puzzle ze sinn, bei deem d’Stécker net passen, de Kär d‘Resultat vun enger Reduktioun, déi koum eppes iwweregléisst. An dat nennen d’Leit dann Identitéit. Absurd, grotesk, seet de Guy a laacht esou vill iwwer dat ganzt Getoz wéi warscheinlech de Publique iwwer säi Geschwätz.

Vorführungstermine:

de 26. an 29. Mäerz an den 1. 2. 4. a 5. Abrëll 2025 um 20 Auer